| Den 10. Dezember ass eis traditionell Chrëschtfeier. Mir treffen eis um 20:00 Auer am 1. Schwabinger Kartoffelhaus wou mir zesummen iessen. Den Kleeschen kennt eis dann och besichen an et ginn Geschenker verdeelt. Virdrun treffen déi déi Loscht hunn sech nach op en Glühwäin um Schwabinger Weihnachtsmarkt. Treffpunkt ass hei 18:30 beim Karstadt op der Münchner Freiheit. D'Umeldung leeft bis den 1. Dezember als Email op comite.lsm@googlemail.com. Weider Infoen kritt dir per Mail. | ![]() |
| Lo wou dat neit Semester ugeet, start och déi nei LSM-Saison, traditionell steet lo gläich eise Welcome Day virun der Dir. Dëst Joer ass deen de 5. November an der Max-Emanuel-Brauerei, déi fannt der an der Adalbertstr. 33. De Welcome Day ass do fir dass eis Erstis souwuel München e bësse kenne léiere wéi och di aner Memberen aus dem Club. Mëttes hunn mer dofir e klenge Rallye mat Spiller duerch München organiséiert. Treffpunkt ass um 13h45 um Odeonsplatz bei der Feldherrenhalle. Fir d'Iessen treffe mer eis Owes um 20h00 an der Max-Emanuel-Brauerei. Falls der Loscht hutt ze kommen, dann zéckt net iech beim Comité unzemellen. Dir kennt iech entweder fir de Rallye an fir d' Iessen umellen, oder och just fir d'Iessen. Sot eis einfach just bis den 28ten Oktober Bescheed an deem der eis eng E-Mail op comite.lsm@googlemail.com schéckt. Fir all déi, déi net um Welcome Day kënnen dobäi sinn, an awer wëlle matkréie wat mer am Lsm sou maachen, schreift eis eng Mail fir datt mer Iech an eis Mailinglëscht androe kënnen. Mir hoffen dass der alleguer zahlreich kommt souwuel Mëttes, wéi och Owes. | ![]() |
| Geschwënn ass et erem sou wait: dat nächst Wantersemester fänkt un, an domat kommen och erem eng Partie "Erstien" déi hiert Gléck am schéinen München probéieren wëllen. Well den Start an d'Unisliewen och en Start an eng nai Ëmgebung ass, sin mir als LSM do, fie dat Ganzt e bessi ze vereinfachen. Wann der also eng Fro hudd, wou der mengt mie kéinten iech weiderhëllefen, oder einfach nemen wëllt eng Kéier bei eis lanscht luussen kommen, zéckt net, an schéckt eis eng Mail. Mer kënnen iech dann op Wonsch an eis Mailinglëscht stiechen. En kuerzt Wuert zum LSM; Mer sin een vun villen Studentencerclen déi an der ACEL regruppéiert sin. Mer probéieren eisen Memberen verschidden Virdeeler duech hier Memberschaft ze verschaafen, an bidden am Semester Aktivitéiten zum kennenléieren, feieren, an och sportmaachen un. (Welcome Day, Stammdësch, Sport op der ZHS zesummen, Chrëschtfeier, Skiweekend etc.) Mer sin en openen an relaxen Verain, an zwéngen keen eppes ze maachen wat en net wëll. Jiddereen kann kommen an goen wann en wëll; Memberschaft bedait net mussen matzemaan, mee kënnen matzemaan. An deem Sënn hoffen mer, iech all demnächst zu München begréissen ze kënnen, an wënschen en gudden Start an dat nait Semester. P.S.: Eis gëtt et selbstverständlech och op Facebook ;) Letzebuerger Studenten zu München - LSM | ![]() |
| 19.11.2010 Herzlech Wëllkomm um Internetsite vum LSM. Wann der interesséiert sidd op München studéieren ze kommen, zéckt net eis eng Mail iwwert den Kontakt ze schreiwen an eis är Froen ze stellen. Mer hëllefen iech gären mat allen Informatiounen déi mer hun weider. Wann der iech ganz Allgemeng mol iwwert Studienangebot iwwerhaapt zu München, respektiv iwwert den Bacehlor zu München informéieren wëllt, hun mer follgend 2 Linken déi kéinten interessant sin: Uni-München Studienfächer an Uni-München Bachelor-Abschluss Et siew drop higewisen dass et sech heibai just em d'LMU handelt. Aner Hochschulen zu München sin TUM (portal.mytum.de/welcome/) an FH (www.hm.edu), souwéi divers Privat-Unien. | ![]() |
zum Kalenner | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
![]() AbonnierenNews-Feed (RSS) Kalenner (ICS) (Link mat der rietser Maustast kopéieren an z.B. am Outlook, Apple Mail, Thunderbird, iPhone Kalenner… als ICS-Abonnement androen.) |