Foire de l’étudiant 2020

Vum 12. bis 13. November 2020 fënnt déi dësjäreg foire de l’étudiant statt an dat fir d’éischte Kéier reng digital. Wéi all Joer ass natierlech och den LSM mat engem Stand vertrueden. De Comité versicht de Schüler vun den Ofschlossklassen aus dem Secondaire bei all hire Froen zu de Studiegäng an dem Studenteliewen zu München mat Äntwerten zur Säit ze stoen. méi liesen…

Réckbléck : Assemblée Générale 2020

Um Sonndeg den 20. September gouf déi dësjäreg Assemblée Générale vun de Lëtzebuerger Studente vu München, kuerz LSM, ofgehalen. Fir déi alleréischte Kéier war des an engem ganz anere Kader, an zwar ass se online iwwer ZOOM ofgehale ginn. Natierlech war se esou net vergläichber mat enger AG aus de vergaange Joren an awer war dat déi Bescht alternativ an dësen ongewëssen méi liesen…