Réckbléck: AG 2017

Leschte Samschdeg hat den LSM seng alljährlech Assemblée Générale. Dëst Joer goufen all d’Memberen an d’Paulaner Bräuhaus invitéiert fir do bei der Ofstëmmung matzemaachen a gudd ze drénken an ze iessen. Den Owend huet mat der AG ugefaangen. Den ale Comité huet dobäi ee Réckbléck vum vergaangene Joer gemaach. All Evenementer goufen en Revue passéiert, méi liesen…

Münchner Bal 2017

Déi nächsten Editioun vum Münchner Bal steet un! ✚✚ Wichtegst Fakten ✚✚ ⇨ Am Melusina Ouschtersonndeg, de 16. Abrëll ⇨ Frësch gezaapten Augustiner Béier op den 3 LSM-Stänn ⇨ Gratis Shot fir Leit an Tracht ⇨ Porno Vodka um Stand vum LSM ⇨ Comeback vun der Bayresche Lounge mat bayrescher an Après-Ski Musek vun DJ’s méi liesen…

LSM Fräibéier

Léif Memberen, No engem gelongenem Welcomeday, steet och dëst Semester traditionell ee Fräibéier un. Deen ass de 24. November vun 20:30 bis 1:00 an der Klenze 17 . Als Member kennt kennt dir fir 10€ esouvill Béier, Radler an Softdrinks drénke wei dir wëllt. Falls der nach keng Memberskaart hutt, da kritt der déi natierlech nach méi liesen…

LSM-Pullover

Bestellt elo eisen neien LSM-Pullover zum Präis vun 22€!  Bestellung iwwer dëse Link: http://www.lsm.lu/produkt/lsm-pullover/ Mir soen Iech bescheed wann dir den Pullover op engem Stammdësch ofhuelen kënnt!  

Ofstëmmung neien LSM-Stammcafé

  All déi um LSM-Pubcrawl matgemaach hunn, kréien elo d‘ Méiglechkeet bis den Dënschden den 08.11.2016 doriwwer oofzestëmmen wéi een Café hinnen am beschten gefall huet! Am Café mat deene meeschten Stemmen wäert ab demnächst all Donneschden den LSM-Stammdësch statt fannen!   [poll id=“6″]

Réckbléck + Fotoen: Oktoberfest Intercercle

Scho fir déi 2. Kéier hunn sech, net nëmmen déi Münchener, mee och nach lauter aner Studenten aus 17 verschiddene Cerclen zesumme fonnt, fir um weltberühmten Oktoberfest ze feieren! D’Intercercle, déi um leschte Weekend vum Oktoberfest war, also vum 29.09 bis den 01.10, huet Donneschdes Owes mat engem gemittlechen awer och scho sëffegen Owend am Löwenbräukeller en gudde Start fonnt. Weider méi liesen…