Réckbléck: Foire de l’étudiant

Den 9. an 10. November huet et vill Studienintresséierter an d’Luxexpo gedriwwe fir d’alljäerlech Foire de l’Etudiant. Nieft Entreprisen di Reklamm fir sech maachen, waren och erëm Representante vu Cerclë vu bal all Stied wou ee Lëtzebuerger fanne kann. Natierlech war de LSM och mat 8 Leit an engem schéin dekoréierte Stand dobäi. Während zwee Deeg hate mir d’Éier eis wonnerschéi Stad an top méi liesen…

Réckbléck: AG 2017

Leschte Samschdeg hat den LSM seng alljährlech Assemblée Générale. Dëst Joer goufen all d’Memberen an d’Paulaner Bräuhaus invitéiert fir do bei der Ofstëmmung matzemaachen a gudd ze drénken an ze iessen. Den Owend huet mat der AG ugefaangen. Den ale Comité huet dobäi ee Réckbléck vum vergaangene Joer gemaach. All Evenementer goufen en Revue passéiert, méi liesen…

Reckbleck: Kitzbühl 2017

No der Chrëschtvakanz mat dem ville Gedrénks, Iessen a Feieren huet de LSM vum 6.-8. Januar erëm ob seng bekannte Schirees ob Kitzbühl agelueden. Dëst Joer war och e speziellt Joer, well mer fir d’11. Kéier hannerteneen ob d’Sonnalm waren an domat eist 10-järegt Jubiläum do gefeiert hunn. Fir dat Ganzt och richteg grouss opzezéien, hunn sech d’Anciens méi liesen…

Réckbléck + Fotoen: Oktoberfest Intercercle

Scho fir déi 2. Kéier hunn sech, net nëmmen déi Münchener, mee och nach lauter aner Studenten aus 17 verschiddene Cerclen zesumme fonnt, fir um weltberühmten Oktoberfest ze feieren! D’Intercercle, déi um leschte Weekend vum Oktoberfest war, also vum 29.09 bis den 01.10, huet Donneschdes Owes mat engem gemittlechen awer och scho sëffegen Owend am Löwenbräukeller en gudde Start fonnt. Weider méi liesen…

Réckbléck: REEL 2016 zu Kaiserslautern

De 6.-9. Oktober war et wéi all Joër nees Zäit fir déi traditionell REEL, déi des Joer zu Kaiserslautern stattfonnt huet. 120 Studenten hunn hei ënner anerem iwwer Theme wei d´ Studenteliewen an d´ Héichschoulpolitik diskutéiert. Sou ass d´REEL eng wichteg Plattform fir den Austausch zwësche Politiker a Studenten. Nieft deene méi serieuxen Theme stinn natierlech och kulturell Aktivitéiten op der méi liesen…