Assemblée Générale 2019

Datum/Zeit
Date(s) - 15/06/2019
17:00

Veranstaltungsort
Augustiner Bürgerheim

Kategorien


Léif Memberen,

D’Comités-Joer vum LSM geet lues awer sécher op en Enn a mir kennen nees op en erfollegräicht Joer zréck kucken. Dëst géife mir gäre mat all eise Memberen zesumme maachen an dofir luede mir Iech häerzlech op eis Assemblée Générale den 15. Juni 2019 um 17.00 Auer am Augustiner Bürgerheim zu München an. Hei fannt dir den Ordre du Jour fir d’AG: https://syncandshare.lrz.de/dl/fiFxs4T5ApUVc9ibHKGqpCzn/odj_AG_2019.pdf

Nieft dem Réckbléck, wou mir nach eng Kéier dat ganzt Joer Revue passéiere loossen, hutt dir och d’Méiglechkeet eis är Ureegungen a Kritik, positiv wéi negativ matzedeelen.

Dest Joer hun mir décideiert, dat mir vierun eiser AG een relaxen Get Together am Engleschen Gaart machen, soufern d´Wieder matspillt. Mir treffen eis dofir um 3:00 Auer am Engleschen Gaart, an lueden iech natierlech och no der AG op en Iessen am Augustiner Bürgerheim an. Dofir musst dir iech awer bis spéitstens de 12. Juni 2019 hei um Site fir d’AG umellen an eng Participatioun vun 10€ bis speitstens den 14. Juni op eisen Kont iwwerweisen. Falls dir iech net bis zum 12. Juni 2019 ofmellt, kritt dir är Suen net zeréck!

Kontos Nummer : LU44 0019 2655 8968 1000
Mentioun: Numm AG 2019

Falls du awer elo leider keng Zäit solls hunn an trotzdeem fir de neie Comite mat Ofstëmme wëlls, kanns du enger Persoun eng Procuratioun https://syncandshare.lrz.de/dl/fiVWh5knitrQdm7h3LEbjftT/Procuration_AG_2019.pdf weider ginn, sou dass si fir dech wielen. Bedenkt just, dass jidderee just maximal fir eng aner Persoun ofstëmmen dierf.

Dann zur gudder Lescht: Wann dir interesséiert sidd, iech opzestelle fir d’nächst Joer an de Comité ze kommen, dann ass lo de Moment, iech bei eis ze mëllen (Email un comite@lsm.lu). E puer Leit vum aktuelle Comité wäert nächst Joer net méi dobai sinn, dofir si mir frou iwwer all Member, dee sech well fir den LSM engagéieren. Zéckt net eis är Froen ze stellen!

Domat wier dann alles gesot a mir freeën eis jiddereen op eiser Assemblée Générale begréissen ze dierfen!

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.