Assemblée Générale 2020

Datum/Zeit
Date(s) - 20/09/2020
17:00 - 20:00

Kategorien


Léif Memberen,

och wann dëst Joer vill Aktivitéiten vum LSM op Äis geluecht hu misse ginn, ass et awer wichteg, dass mer dëst Veräinsjoer geschwënn ofschléissen, trotz den aneren Ëmstänn wéi normalerweis.

Dozou invitéiere mer all eis Memberen op d’Assemblée Générale 2020 vum LSM, déi Sonndes owes den 20. September ofgehale gëtt. Well et awer keng reell Plaz gëtt wou mer genuch Leit zesummekréie kéinten, hu mer decidéiert, dass et am beschten ass di ganz AG Online iwwert eng Videokonferenz ofzehalen. Nieft dem Réckbléck op dat vergaangent Comitésjoer sinn natierlech och Diskussiounen a wichteg Decisioune fir d’Zukunft vum Cercle um Programm.

Fir bei der AG matzemaachen an eis d’Aarbecht ze erliichteren fir d’virtuell Walziedelen ze verdeelen, mell der iech am beschten hei Site fir d’Event un.

Äre virtuelle Walziedel kritt der soubal der bei eiser Videokonferenz um Dag vun der AG ugemellt sidd. Sou evitéiere mer dass keng Leit duebel wielen, ausser wa se eng Procuratioun vun engem anere Member nach hätten.

Weider Detailer zum geneeën Oflaf vun de Walen wäerte mi spéit nach nokommen.

Den Ordre du Jour kënnt der hei scho kucken: https://syncandshare.lrz.de/dl/fiFQu1z9P8WBn3WXacn9LJ8a/Ordre_du_jour_-_AG_2020.pdf?inline

Well och de Comité säi Joer ofschléisst maache mer hei en Opruff u jiddereen dee Loscht huet, sech beim LSM am Comité 2020/21 ze engagéieren. Mellt iech iergendwann (et kann och op der AG selwer sinn) beim aktuelle Comité (comité@lsm.lu), falls der iech beruff fillt matzemaachen. Mat e bësse Chance gitt der vun der AG eragewielt.

Bei weidere Froen mellt der iech am beschte bei engem Comitésmember, iwwert Email oder iwwert DM op eise Social Mediaen.

Fir de Comité,
Jo Pletsch, Vize-President

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.