Beerpong-Tournoi 2018

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 17/11/2018
19:00

Veranstaltungsort
Klenze 17

Kategorien


Wann s du wëlls deng Beerpongfertegkeeten ënner beweis stellen an eis Gewënner vum leschten Joer an den Schied stellen, dann mell dech fir eisen Beerpongtournoi un. Dësen fënnt den 17 November an der Klenze 17 statt.

Umellen mussen sech déi zwee Participanten aus enger Equipe. An d´Kommentarfeld kennt dir dann ären Wonschpartner androen. Falls du keen Partner hues, kanns du dech och alleng umellen, den owent selwer gin déi restlech Persounen zesummen an verschidden Equipen gesaat.

D´Umeldung geet den 1 November um 20:00 op an Deadline ass den 15 November um 24:00. D´Platzen sen och dëst Joer begrenzt, also macht Iech bei. D´Umeldung beleeft sech op 10 Euro.
Dir kennt eng oder 2 platz buchen. Falls dir der 2 bucht dan Schreift w.e.g ären Team partner an d’Komentarer

Fir dat jiddereen no den selwechten Reegelen spillt, ginn se hei nach eng kéier festgehalen:

• All Spiller aus dem Team werft jeeweils een Ball
• Bäll déi obtuppen, dierfen ofgewiert ginn
• All getraffenen Becher muss ausgedronk ginn
• Et gëtt mat 10 Becheren ob all Säit gespillt
• All Team spillt mat engem Liter Béier pro Partie
• Dënn Ielebou muss beim Worf ëmmer hannert der Dëschkannt bleiwen
• Prallt een Ball bei engem Worf of an rullt iwwert d’Mëttellinn, kritt dat Team
wat geworf hutt en sougenannten Trickshot
• Et gëtt ouni „Death Cup“ gespillt
• Gett en Becher mat engem Obtupfer getraff, mussen 2 Becheren gedronk ginn.
• Gett nëmmen 1 Becher pro Spillzoch getraff, muss den Géigner deen ausdrénken an
vum Spillfeld huelen.
• Ginn an engem Spillzoch 2 verschidden Becheren getraff, mussen die 2 ausgedronk
an vum Spillfeld geholl ginn. Zudeem erhält dat Team wat geschoss hutt 1 Ball zréck
an dierf nach enkéier werfen.
• Gett an engem Spillzoch een Becher 2 mol getraff, mussen 3 Becheren ausgedronk
ginn. Duerno dierf den Géigner werfen.
• „Redemption“ Reegel!
Wenn den leschten Becher getraff ginn ass, kann den Géigner soulaang wieder
werfen bis hien enkéier net trefft.
Bleift dann nach ob mannst een Becher stoen, huet dëst Team leider verluer an muss
all die restlech Becheren ob dem Spillfeld ausdrénken.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.