Chrëschtfeier 2018

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 08/12/2018
18:00 - 23:30

Veranstaltungsort
Brunnwart

Kategorien


Mir géifen Iech den 8. Dezember ganz häerzlech ob eis LSM-Chrëschtfeier am Brunnwart (Biedersteiner Straße 78, U-Bahn Nordfriedhof) alueden.

Wéi och déi lescht Joer bidde mir, deenen Leit déi dorun interesséiert sinn, direkt am Virgäertchen vum Brunnwart een Glühwäinempfang un.

Uschléissend gi mir dann zum Iessen iwwer, wou een 3-Gäng-Menü ob Iech waart.

Nom Iessen ass et dann och schonn Zäit fir dem Kleesche säi Besuch. Wéi all Joer wäert hien, fir déi Leit déi sech geschéckt hunn, och rëm een LSM-Kado am Gepäck hunn.

Donieft gëtt natierlech och rëm gewichtelt. Dobäi biede mir iech keen Iessen oder Gedrénks als Wichtelkaddo erauszesichen. Ausserdeem wiere ma frou wann da e bësse kreativ wäert an just Kaddoe géift aussichen, iwwert déi dir iech selwer och géift freeën. Den Wäert vun ärem Kaddo soll bei ongeféier 5€ leien.

Am Kader vun enger Chrëschtfeier soll natierlech och ëmmer un déi Leit geduecht ginn, deenen et net esou gutt geet wei eis. Duerfir wäerte mir iech den Owend selwer e Projet virstellen, fir dee mir gäre géifen e Spendenopruff maachen. Mir wieren iech also immens dankbar wann dir e Su géift matbréngen an eppes Klenges dozou géift bäidroen.

Dir kennt Iech nach bis den 30. November umellen.

Als Menü gëtt folgendes ugebueden:

Normalen Menü:

      • Rinderkraftbrühe mit Pfannkuchenstreifen
      • Münchner Schnitzel vom Schwein mit Senf-Meerrettich mariniert, dazu Bratkartoffeln
      • Ofenfrischer Apfelstrudel mit Vanillesauce

Vegetareschen Menü:

      • Kürbiscremesuppe mit Kürbiskernen und steirischem Kernöl (och am Normale Menü ze kréien)
      • Tagliatelle mit Basilikumpesto, Kirschtomaten und Parmesanspänen
      • Ofenfrischer Apfelstrudel mit Vanillesauce

Nieft der Auswahl zweschent deenen zwee Menüen kennt dir Iech dann och zweschent folgenden 2 Formulen entscheeden:

      • FORMULE 1: Start mat Glühwäin: 18:00 fir 25 Euro
      • FORMULE 2: Start ouni Glühwäin: 19:00 fir 20 Euro

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.