Chrëschtfeier 2019

Datum/Zeit
Date(s) - 14/12/2019 - 15/12/2019
20:15 - 02:30

Veranstaltungsort
Lehel Bar & Food Club

Kategorien


Well mir dëst Joer en puer nei Eventer ausprobéiere wëllen, luede mir iech häerzlech op eis Chrëschtfeier de 14. Dezember am Lehel Food & Bar an, bei der mir eis en bëssen um Zürcher Bal Konzept inspiréiert hunn. Dat ganzt steet deemno ënnert dem Motto: Chic / Casual Chic. Am Lehel, den eis den Owend bis 2:30 exklusiv zur Verfügung steet, hunn mir een DJ organiséiert an ee 5 Gänge Menü op d´Been gestallt. Fir d´Partystëmmung net ze ënnerbriechen, gëtt dëse Menü a Form vun engem Walking Dinner zerwéiert. Dir hutt do d´Wiel tëscht eisem Lehel-Menü oder engem Vegetareschen-Menü.

Poilàne Brote belegt mit Roastbeef & Remoulade, mediterranem Gemüse & Frischkäse, Avocadocreme
****
Ravioli mit Kirschtomaten & Rucola und frischem Parmesan
****
Kalbsrückenwürfelchen, Kartoffelstampf, Rosmarinjus
oder
Gemüsecurry mit Fenchel & Ingwer und Curcuma (Vegetaresch)
****
Der Lehelburger im Kleinformat (Fleesch oder Vegetaresch)
****
Schokokuchen mit flüssigem Kern & Vanilleeis

Fir dat dier net duuschtereg bleift, gëtt et vun 9 bis 2 Auer Open-Bar. Dëst beinhalt all Aart vu Softdrinks, Kaffi, Wäin, Béier, Schampes, Gin Tonic, Moscow Mule, Wodka Lemon, Cuba Libre, etc.

Fir den Owend finanzéieren ze kennen, kascht d’Participatioun 50 Euro. Fir frësch Loft ze schnapen kennt dir och op d’beheizten Terrasse goen. De Kleeschen an seng Helfer wäerten iech um 20:15 empfänke fir den een oder anere Blue Seppl Shot mat iech ze drénken. Dofir biede mir iech pünktlech ze sinn.  Vue dat déi ganz Veranstaltung an engem anere Kader wei soss stattfannen, erkläert dir iech mat enger verbindlecher Umeldung bereet, fir all Schued fir den dir verantwortlech sidd selwer opzekommen. Deadline fir är Iwwerweisung ass de 6 Dezember. Mir freeën eis mat iech zesummen ee flotten Owend verbréngen ze kennen.

W.e.g iwwerweist sou séier wie méiglech d’Suen op de folgende Konto:
LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Chreschtfeier FIRNUMM+NUMM

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.