Grillen um Flaucher 2018

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 30/06/2018
14:00 - 23:00

Veranstaltungsort
LSM Grillplaz um Flaucher

Kategorien


Wéi all Joer geet den LSM och dëst Joer ob den Flaucher grillen. Dofir sidd Dir all
häerzlech agelueden den 30. Juni ab 14:00 bis laanscht ze kommen. Treffpunkt ass
eis “ LSM-Plaz „.

Mir wäerte souwuel fir Fleesch, Baguettë wei och fir genuch Gedrénks suergen. Dat Ganzt
geet natierlech och dëst Joer erëm integral op LSM-Käschten. Mir wäerten Thüringer,
Kéiswuppen an Mettwurschte grillen an Ketchup, Mayonnaise, Andalouse, an Moschtert bereetstellen.
Wenn dir also speziell Wënsch hutt kënnt dir gären är eege Saache matbréngen.

Mir géingen Iech bieden, dass dir Iech bei dësem Event bis den 28.06.2018 umellt, fir dass mir
wësse mat wie ville Leit mir rechne kënnen, a mir sou besser ofschätze kënne wéi vill
Iessen an Gedrénks mir kafe mussen.

Beim Datum handelt et sech lo mol em provisoreschen Datum, well je nodeem wéi d’Wieder
dee Weekend ass géinge mir eis virbehalen eist Event ob Freides oder Sonndes ze
verleeën. Dofir géinge mir Iech an der Woch virdrun den definitiven Datum matdeelen.

Hei ginn dann och fir d’éischt d‘Memberskaarte fir d‘LSM-Joer 2018/19 verkaf.

Bis dann,

Äere Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.