Helferfest 2019

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 11/05/2019
11:00 - 14:00

Veranstaltungsort
Paulaner Bräuhaus

Kategorien


Léif Memberen,

Een Bal wei den Münchner Bal op d’Been ze stellen wier ouni d’Ënnerstëtzung vun eisen fläissegen Helfer net méiglech. Fir all deenen Leit Merci ze soen déi eis während all eisen Aktivitéiten am Joer ennerstëtzt hunn, organiséieren mir och dëst Joer eist Helferfest, wou mir eisen Helfer am Paulaner Bräuhaus een Weisswurschtfrühstück ab 11 Auer ubidden, dat mir iwwerhuelen. Do gëtt dann och een Faass Weißbier ugezaapt.

Duerno géingen mir dann all zesummen op d’Frühlingsfest goen. Fir net Helfer an extern Leit, déi natierlech och herzlech invitéiert sen, kascht dat ganzt 20 Euro. D’Suen mussen vierum 11.Mee iwerwisen sin. D’Umeldung ass bis den 06.05 op.

Bis geschwënn,
Äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.