Kitzbühel 2019

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 04/01/2019 - 06/01/2019
07:00 - 20:00

Veranstaltungsort
Sonnalm

Kategorien


Skirees ob Kitzbühel vum 4.-6.01.2019

Am neie Joer gi mir och dëst Joer nees op Kitzbühel an d´Skivakanz. Sollt dir Iech umelle fir mat op Kitzbühel ze goen, da kritt dir nach méi genau Informatiounen no.

Wat geschitt zu Kitzbühel?

D´Sonnalm an der mir schlofe läit uewen um Bierg direkt un der Skipist. Mir kennen also Moies direkt op d´Pist starten. Fir ze entspanen hunn mir eng Sauna zur Verfügung a fir nees wakereg ze ginn eng hauseege Schirmbar déi bis zum Last-Man-Standing ophuet. Net ze vergiessen ass natierlech och d´Skifueren! Fir hei matzegoen, braucht dir keng Skikenntnisser. Wann dir nach ni Ski gefuer sed oder iech onsécher op de Ski fillt, da bidde mir iech eng Skischoul un, un der dier deelhuele kennt. Dofir einfach bei der Umeldung eis ee klenge Kommentar hannerloossen.

Wéini geet dat ganzt lass?

Mir fuere Freides, de 4. Januar (géint 7 Auer) zesumme mam Bus um Ostbahnhof fort. Zréck geet et dann de 6. Januar no der leschter Ski-Descente, em 17:00.

Waat kascht mech dat?

De Skiweekend kascht 190 Euro. An dem Präis mat abegraff sinn den Transport, 2 Iwwernuechtunge souwéi d´Moies- an Owesiessen. De Skipass fir déi 3 Deeg wäert sech dann op 135 Euro belafen.

Wei mellen ech mech un?

Leider se mer dëst Joer opgrond vu begrenzter Platz op der Sonnalm gezwongen, manner Platzen unzebidden. Well den Ustuerm relativ grouss ass, setzt Iech am beschten den 3. Dezember um 21:00 virun äre Laptop, fir secher eng Platz ze kréien. Ab do gëllt dann „First Come First Serve“. Sollt dir net direkt eng Platz kritt hunn, kennt dier iech nach an d´Waardelëscht androen, an hoffen sou nach eng Platz ze ergatteren. Fir déi déi et gepackt hunn sech unzemellen, kommen nach méi Informatiounen an enger separater Email no.

Bookings

Ticket-Typ Preis Plätze
Waardelescht 0,00€

Du muss dech aloggen oder registréiren fir dech umellen ze kennen.