LSM FIFA 20 Online Turnéier Intercercle

Datum/Zeit
Date(s) - 15/06/2020 - 28/06/2020
Ganztägig

Veranstaltungsort
Doheem op denger Fotell

Kategorien


Opgrond vun der undauernder Corona-Kris an den domadder verbonnene Restriktiounen hu mir als LSM decidéiert di sportlech Presenz an di virtuell Welt ze iwwerdroen an organiséieren eis éischt virtuell Fifa 20 online Turnéier Intercercle! (Playstation 4 an XBox One)

D‘Turnéier start de 15. Juni a leeft iwwert eng Dauer vu 2 Wochen, wou d‘Participanten als éischt an enger Gruppephase an dann an enger KO-Phase géinteneen untrieden, bis schliisslech de 27. Juni d‘Halleffinallen an den 28. Juni d‘Finall gespillt ginn. Nodeems mir iech är Géigner an deene verschiddene Phase matdeelen, kennt dir ënnertenee kläre wéini dir d‘Matcher wëllt spillen, musst eis just d‘Resultat (mat enger Foto vum Bildschierm nom Match) matdeelen. D‘PS4 an XBox One Turnéieren wäerte parallel an onofhängeg vuneneen oflafen.

Reegelen:

D’Matcher mussen als Online-Friendlies oo der Playstation gespillt ginn.
Als Astellunge schloe mir viir: Halbzeitlänge: 6 min, Steuerung: Alle (Timed Finish Indicator erlaabt), Spielgeschwindigkeit: Normal a Mannschaftstyp: Online. 

Dir kennt iech awer och mat ärem Géigner eens ginn op der déi Reegele wëllt benotzen oder eng adaptéiert Versioun dovun. Hei wier et am Beschten dat virun äre Matcher ze decidéiere fir all Streiderei aus dem Wee ze goen. Fir d’Matcher sou fair wéi méiglech ze maachen ass et och méiglech dat 2 mol déi selwescht Equipe géintenee spillt.

Mir brauchen um Enn vun all Match eng Foto vum Bildschierm, ween de Match fir sech entscheed huet.  Och hei ass iech fräi iwwerlooss méi Partië pro Renconter ze spillen (Best of 3,5,7 etc.), wat och am Beschte virun der éischter Partie soll decidéiert ginn. An deem Fall scheckt dir eis da Fotoe vun de Resultater vun all Match.

Wann dir also wëllt är Fifa Skills ënner Beweis stellen a bei der éischter virtueller Intercercle deelhuelen, da mellt iech bis den 12.  Juni hei op der Säit via Google Forms un. Mat der Umeldung gitt dir eis d’Averständnis dat mir ärem Géigner är Informatioune kenne weiderginn. Bei Froe mellt iech op comite@lsm.lu oder beim Seppl op Facebook.

Umeldung

Fëllt dëse Form hei aus fir iech unzemellen: https://forms.gle/4UQL22EnwvohD2bV9
Soot och gär eisem Facebook-Event vun der Intercercle zou: https://www.facebook.com/events/3016470728430480/

Vill Gléck an trainéiert scho fläisseg,
Am Numm vum Comité
Michel Pilot, Max Molitor, Jean Baustert