Oktoberfest Intercercle 2017

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 28/09/2017 - 30/09/2017
Ganztägig

Veranstaltungsort
Oktoberfest

Kategorien


Léif Memberen a Studenten aus anere Cerclen,

wéi och schon déi zwee Joer virdrun invitéiere mir iech alleguerten häerzlech op eis Oktoberfest-Intercercle 2017. Dës fënnt vum 28. bis den 30. September 2017 statt.

Mir hun de Programm am Verglach zum leschte Joer bëssen ëmgeännert, sou fänkt d’Intercercle Donneschdes de 28. mat enger Begréissung an eisem Stammcafe Klenze17 un. Dann ass fir Freides den 29. eise Besuch um Oktoberfest virgesinn wou mir de ganzen Dag iwwer am Hacker-Festzelt (Himmel der Bayern ) mat beschter Stëmmung feiere wäerten. Als Ofschloss ass Samschdes den 30. een Ofschlossiesse mat engem 3 Gäng Menü am Löwenbräukeller geplangt, fir de Weekend auskléngen ze loossen.

De System mam Schlofen ass dëst Joer och bëssen anescht. Mir verlaangen fir eng Participatioun 30.00€. Wann een Externen deelhuele wëll an net weess wou e schlofe soll da probéiere mir deemjéinegen eng ze organiséieren. Dofir froe mir 50.00 €. Wann ee bereet ass engem Externen ouni Schlofplaz eng Plaz unzebidden, kritt dee seng Participatioun erstatt a ka fir näischt deelhuelen. Wichteg dobäi ass: dat zielt nëmme fir déi, déi ee Friemen op huelen deen de Comité vum LSM hinne vermëttelt huet.

Eng Umeldung zielt just wann dir d’Suen bis den 14. September 2017 op dëse Konto iwwerwisen hutt:

LU44 0019 2655 8968 1000 – LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN (BIC: BCEELULL)

Referenz: VIRNUMM+NONUMM

Falls du Vegetarier bass, gëff dat am Kommentarfeld un. Bei Froe kënnt dir eis gär eng E-Mail schécken: comite.lsm@gmail.com

PS: Wanns du Member vum LSM bass an een Account hues, da mell dech mat dengem Account un, fir net Membere kanns du einfach däin Numm an deng E-mail ënne Lenks am Feld hannerloossen.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.