Pubquiz

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 20/01/2018 - 21/01/2018
20:00 - 02:00

Veranstaltungsort
Klenze 17

Kategorien


Den éischten LSM-Pubquiz fënnt Samschdes den 20ten Januar 2018 em 20:00 an der Klenze17 statt.

Wenn dir gären un dëser Aktivitéit wëllt deelhuelen mëllt iech wann ech gelift ab dem 10ten Januar em 20:00 un. D’Umeldung ass dann nach bis den 18ten Januar ob.

Et gëtt jeeweils an enger Equipe zu jee 3 Leit gespillt.

Wenn dir well eng Equippe zesummen hutt, gitt dës weg am Komentarfeld bei der Umeldung mat un.

Et muss sech awer all Participant eenzel umellen, et geet also net duer wenn den Numm am Kommentar vun engem Kolleg steet fir deelzehuelen.

Leider ass nëmmen begrenzt Platz an der Klenze verfügbar, sou dass d’Unzuel vun den Equippen ob 7 Stéck begrenzt ass. Falls dir also sécher mat dobäi wëllt sinn, mëllt Iech sou séier wei méiglech.

D’Participatioun leit bei 2€ pro Kapp. Déi gesammelt Suen ginn dann ob dat bescht an un dat zweetbescht Team opgedeelt.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.