Soiree de Rencontre – CFL

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Date(s) - 24/01/2019
18:30 - 23:00

Veranstaltungsort
Unionsbräu

Kategorien


Léif Memberen,

D’CFL kennt de 24. Januar op München fir sech a seng Aarbecht fir ze stellen. D’CFL dierft als national Eisebunnsgesellschaft vu Lëtzebuerg deene Meeschten e Begrëff sinn. Si sinn am Persounen- a Giddertransport aktiv a geréieren och de Lëtzebuerger Eisebunnsréseau. Donieft sinn d’CFL mat bal 4.000 Mataarbechter ee vun deene gréissten Employeuren am Land.

D’Soirée ass virun allem fir d’Bauingenieuren, d’Maschinnebau- an d’Elektrotechnikingenieuren interessant. Wann dir Informatik, Ressources Humaines oder Kommunikatioun studéiert an un der CFL interesséiert sidd, kënnt dir natierlech och gäre laanschtkommen.

Zéckt net iech unzemellen, wann dir méi iwwert d’CFL wëllt gewuer ginn.

D’Soiree wärt am Unionsbräu sinn

Bookings

Du muss dech aloggen oder registréiren fir dech umellen ze kennen.