Soiree de Rencontre – McKinsey

Karte nicht verfügbar

Datum/Zeit
Date(s) - 17/01/2019
19:00 - 23:00

Kategorien


Léif Memberen,

De 17ten Januar kenne mir McKinsey zu München begréissen, wou si eis an hire Büro hei zu München invitéieren an eis hier Aarbecht als Consultingfirma Firma presentéieren. McKinsey ass eng weltwäit aktiv Consultingfirma déi an iwwer 60 Länner méi wéi 9.000 Beroder beschäftegt an dat an 106 verschiddene Büroen. Mir kréie Besuch aus dem Lëtzebuerger Büro a fir dës Soirée si Studenten aus alle Studierichtungen ugesprach.

Dëst ass een exklusiivt Event vu McKinsey an d’Konditioun fir derbäi ze sinn ass et, säi CV bis den 10.01.2019 op Luxembourg@mckinsey.com eranzeschécken a vu McKinsey ausgewielt ze ginn.

Dir braucht iech net um Site unzemellen, well d’Selectioun alleng iwwert McKinsey leeft.