Starbierfest-Intercercle 2020

Datum/Zeit
Date(s) - 13/03/2020 - 14/03/2020
Ganztägig

Kategorien


Umelle kann ee sech ënnert dësem Link

 

Léif Studentinnen a Studenten,

Den LSM luet iech häerzlech op déi éischt Editioun vun der Starkbierfest-Intercercle an, déi den 13.03-14.03 zu München um Paulaner Nockherberg wäert stattfannen! Niewent dem Oktoberfest-Intercercle an dem Frühlings-, Helferfest organiséiert den LSM och en Event um drëtte Münchener Volleksfest, dem Starkbierfest. Den Numm vum Fest ass Programm, d’Münchener Brauereien Augustiner, Paulaner an Löwenbräu braue wärend dem Fest hier speziellt Starkbier mat min 7,5% Alkoholgehalt.

D’Intercercle verleeft folgendermoossen:

  • Freides 13.03
    ab 21h00 : Welcome Béier an eisem Stammcafé Klenze 17. (Klenzestr. 17)
  • Samschdes 14.03
    12h00 : RDV beim Paulaner am Nockherberg (Hochstr. 77). Hei wäerten mir zesummen iessen an de Rescht vum Dag zesummen verbrengen.
    ab 00h00 : Open End

Mir encouragéieren eis Gäscht an Dirndl an an der Lederhos op d’Starkbierfest ze kommen. D’Umeldung geet den 1. Februar um 20:00 op.

De Präis fir matzemaachen ass

  • 18€ fir Leit di schonn eng Schlofplaz hunn
  • 26€ fir dass mir dir eng Schlofplaz fir de ganze Weekend organiséieren
  • 10€ fir wanns du eis eng Schlofplaz fir Gäscht vum IC bei dir doheem zur Verfügung stells

No der Umeldung mussen d’Suen op folgende Konto iwwerwise ginn, virum 01. Mäerz, nëmmen dann ass deng Umeldung gülteg :

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Starkbierfest Numm+Virnumm

Link zur Facebook-Veranstaltung :
https://www.facebook.com/events/171146447453016/

Link fir d’Umeldung:
https://forms.gle/dp3baSpcXAac3sQi6

Mir freeën eis iech zu München ze empfänken a mat iech zesummen eng schéin Intercercle um Starkbierfest ze verbréngen.

Pfiat di!