Starkbierfest Intercercle

Karte nicht verfügbar

Datum/Zeit
Date(s) - 29/03/2019 - 30/03/2019
Ganztägig

Kategorien


Léif Studentinnen a Studenten,

Den LSM luet iech häerzlech op déi éischt Editioun vun der Starkbierfest-Intercercle an, déi den 29.03-30.03 zu München am Augustiner-Keller Festsall wäert stattfannen! Niewent dem Oktoberfest-Intercercle an dem Frühlings-, Helferfest organiséiert den LSM och en Event um drëtte Münchener Volleksfest, dem Starkbierfest. Den Numm vum Fest ass Programm, d’Münchener Brauereien Augustiner, Paulaner an Löwenbräu braue wärend dem Fest hier speziellt Starkbier mat min 7,5% Alkoholgehalt.

D’Intercercle verleeft folgendermoossen:

  • Freides 29.03
    ab 21h00 : Welcome Béier an eisem Stammcafé Klenze 17. (Klenzestr. 17)
  • Samschdes 30.03
    11h00 – 14h00 : Weißwurschtfrühstuck am Paulaner Brauhaus (Kapuzinerplatz 5)
    17h00 – 00h00 : Starkbierfest am Augustinerkeller (Arnulfstr. 52)
    ab 00h00 : Ofschloss am Neuraum (Arnulfstr. 17)

Mir encouragéieren eis Gäscht an Dirndl an an der Lederhos op d’Starkbierfest ze kommen. Falls du Vegetarier bass, dann deel eis dat am Kommentarfeld mat.

D’Umeldung geet den 11. Februar um 20:00 op.

No der Umeldung mussen d’Suen op folgende Konto iwwerwise ginn, virum 15 Mäerz, nëmmen dann ass deng Umeldung gülteg :

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Starkbierfest Numm+Virnumm

Link zur Facebook-Veranstaltung :
Facebook-Veranstaltung

Mir freeën eis iech zu München ze empfänken a mat iech zesummen eng schéin Intercercle um Starkbierfest ze verbréngen.

Pfiat di!

Bookings

Ticket-Typ Preis Plätze
Starkbierfest + Schlofplaz
Ech huelen un der Intercercle deel an brauch eng Schlofplaz
50,00€
Starkbierfest Intercercle
Ech huelen un der Intercercle deel.
35,00€