Summerrees Turin

Karte nicht verfügbar

Datum/Zeit
Date(s) - 30/05/2019 - 02/06/2019
Ganztägig

Kategorien


Léif Memberen,

Wéi de Kleeschen am Dezember schonn ugekënnegt huet, ass d’Destinatioun vun eiser Summerrees dëst Joer Turin. Hei fann dir e puer Informatiounen zur Organisatioun vu Rees an e klengen Abléck wat iech zu Turin erwaart.

D’Rees fënnt ewéi gewinnt op Christi Himmelfaart statt, vum 30.Mee bis 2.Juni a kascht 275€. Am Präis mat abegraff sinn d’Flich op Turin an zréck, d’Iwwernuechtungen a kulturell Aktivitéiten.

Umeldung start den Méindeg 29.Abrëll um 20:30!

Fir eis Helfer, déi eis fläisseg wärend dem Joer bei eisen Eventer ënnerstëtzt hunn, kënnen sech schonn ab 20:00 umellen. D’Plaze fir d’Summerrees sinn op 25 limitéiert, déi éischt si fir.

Äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.