Wanderdag

Datum/Zeit
Date(s) - 18/10/2020 - 25/10/2020
09:00

Kategorien


Léif Memberen a Wanderfrënn,
Nodeems onse Wanderdag den 1. Mee dëst Joer wéinst der Corona-Pandemie net konnt stattfannen, invitéiert den LSM Comité iech den 18. Oktober 2020 op e Wanderdag an der Géigend vum Tegernsee. Mir starte moies um Hauptbahnhof a fueren zesumme mam Zuch Richtung Tegernsee.

D’ Wanderung dauert ca. 3h15 an huet eng Distanz vun ongeféier 10km (ca. 430 Héichtemeter).
Um Wee leien och déi eng oder aaner Hütt, wou een eppes iessen an drénke kann. Trotzdem géife mir iech empfehle genuch Waasser an eng Brotzeit anzepaken.

Wéini?
Sonndeg, den 18.10.2020
Alternativdatum: 25.10.2020 (falls d’Wieder net géif matspillen)
Départ?
Um 9h um Hauptbahnhof Gleis 33
Präis?
Em den Zuchticket muss jidderee sech selwer këmmeren. Mir recommandéieren iech awer, iech mat e puer Leit zesummenzeschléissen an zesummen e Bayernticket ze huelen, well dat am bëllegste gëtt.
Mir wäerten dofir nach eng Facebook Grupp mat den Teilnehmer maachen, wou dir iech dann fir den Ticket zesummeschléisse kënnt.

Umeldung?

Ennen op dëser Säit. Falls dir nach keen Account hutt, kann een dee mat puer Klicks maachen.

Mir freeën ons op eng flott Wandertour mat iech!

Äre Comité.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.