Wanderdag

Karte nicht verfügbar

Datum/Zeit
Date(s) - 01/05/2019
09:30

Kategorien


Léif Memberen,

Das Wandern ist des Müllers Lust, an dowéinst probéiere mir gearen eng nei Aktivitéit mat eise sportleche Memberen aus, fir eisem Alkoholkonsum en bëssen entgéint ze wierken. Well den 1 Mäi traditionell ee Wanderdag ass, hunn mir eng kleng Wanderung duerch d’Natur ronderëm München organiséiert.

Mir empfeele fest Schong a vill Motivatioun. Dir sollt iech am beschten en klenge Picknick fir ënnerwee matbréngen. Mir treffen eis pünktlech um hallwer 10 zu Deisenhofen op der Gare, fir dat mir pünktlech lasskommen. Insgesamt sinn et 17 km mat 140 Héichtemeter. Mir rechnen dofir ongeféier 5 Stonnen, sou dat mer Owes nach eppes zesummen iessen oder drénke goe kennen. Dir musst iech fir des Aktivitéit umellen, fir dat mer wësse mat weivill Leit mer rechne kennen an dat mer Ënnerwee kee verléieren.

Fir dat dier iech Ennerwee net verleiert, ass hei eng Kart mam Wee: https://www.komoot.de/smarttour/36591

Bis geschwënn,
Äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.