Welcome Day 2019

Datum/Zeit
Date(s) - 26/10/2019 - 27/10/2019
10:30 - 01:00

Veranstaltungsort
Odeonsplatz

Kategorien


De Welcome Day ass eng alljärlech Aktivitéit, déi mir organiséieren, fir déi nei Studenten zu München ze begréissen.

Programm:

1) Brunch fir d’Erstis: 10:30 Auer Treffpunkt am Augustiner Bürgerheim an der Bergmannstraße 33.
Beim Brunch kënnt dir tëschent traditionell bayresch, normal international oder vegetaresch wielen.

2) Rallye fir jiddereen: Treffpunkt um 12:30 Auer um Odeonsplatz.

3) Iesse fir jiddereen: Treffpunkt um 19:30 Auer beim Wassermann an der Elvirastraße 19.

Falls dir eppes net iesse kënnt, wéi z.B. Vegetarier oder eng Allergie, da schreift dat einfach an d’Kommentarfeld.

Präis:

15€ fir all LSM-Member. Fir de Fall dass een nach net Member ass oder nach net di nei Memberskaart huet kommen nach eemol 5€ drop.
Bezuelen muss de per Bankiwwerweisung bis den 22. Oktober hei hin:

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : WELCOMEDAY VIRNUMM+NONUMM

Fir dech umellen ze kënnen, muss du dir een Account bei eis um Site erstellen. Dat kanns du hei maachen: http://www.lsm.lu/registreierung/

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.