Béier Bibel

Dat et zu München deen beschten Béier gëtt, steet ausser Fro, mee wéieen dann lo „deen beschten“ ass war schonn oft den Sujet vun laangen Diskussiounen op laangen Owender.

Eng Saach ass awer kloer, ween zu München een Pils bestellt oder Becks etc. drénkt deen däerf sech op schif Blécker gefaasst maachen.

Felix-Holzer_Muenchner-Bier-Oktoberfest_03

Hei zwou Ëmfroen wou mir den beléiftesten Béier bei den Lëtzebuerger ermëttelen wëllen.

[poll id=“2″]

[poll id=“3″]

een Helles am typeschen Glas

een Helles am typeschen Glas

A Bayern ass den Béier sou eppes wéi een Grondnahrungsmëttel. Ween wonnert et, den Durschnëttsbayer drénkt pro Joer méi wéi 100 Liter Béier! Dat ass Weltrekord. Dësen Ruff als „Grundnahrungsmittel“ verdankt den bayreschen Béier virun allem enger Zort: Dem „bayreschen hellen Lagerbier“, kuerz „Helles“.

Iwwerbléck vun den Béierzorten

Helles

Inhaltsstoffer vum Helles

Inhaltsstoffer vum Helles

Helles ass een manner batteren, bëssen séisslechen, duerchaus sëffegen an net duerch den Malz gefierften Vollbéier. En gëtt virun dem Offëllen an d’Fläsch kloer gefiltert.

Helles op Münchener Brauart gebraut gëtt mat Bitterhopfen gemaach an ass een untergäriges, gelbes Bier mat enger Stammwürze vun 11 % – 13 % an einem Alkoholgehalt von 4,5 – 6 Vol.-%.
PS: Wanns du weess wat Stammwürze ass hues du wahrscheinlech schonns en Alkoholproblem (oder/an du studéiers Braumeister).

Weiß- an Weizenbier

Den Weißbier ass déi bayresch Béierspezialitéit an gëtt ëmmer méi populär, och am Ausland (also alles wat net Bayern ass).

Weizenbier1

Den Weißbier handelt ass een obergäriges Bier, dat aus obergäriger Hief, aus Weizenmalz (zu 50 bis 70%) an bessen Gerstenmalz hirgestallt gëtt. Déi obergärig Hief ënnerscheed sech staark vun där normaler untergäriger: Enner anerem duerch een anert Verhalen vun der Hief déi hei beim entstoenden Béier un d’Uewerfläch klëmmt. Untergärige Hief setzt sech dogéint um Buedem vum Gärgefäß of. Dowéinst och ober- an untergärig.

Am Weizenbéier ass nëmmen wéineg Hopfen, en ass dowéinst manner batter. Et gëtt awer grouss Schwankungen souwuel bei der Faarf wéi och bei den  Stammwürzegehalten. All Weizenbiere sinn kohlensäureräich an hunn en typeschen Aroma mat grousser Geschmacksvielfalt.

An Bayern gëtt et iwwert 1000 verschidden Weißbierzorten, an den Weißbier huet een Maartundeel vun ëm déi 50%.

Radler

Radler

Den Radler ass een Mischgetränk aus Béier an Zitrounenlimonad. Den Radler gouf  zu München erfonnt. Nämlech vun engem Gleisarbechter deen d’Aufgab hat seng Kollegen mat Béier ze versuergen, well d’Aarbecht awer sou schwéier war huet hien ëmmer d’halleft Glas mat Limonad gefëllt.

Spéider ass doraus en Restaurant ginn, an wéi 1922 nom 1. Weltkrieg eng Vëlospist bei déi sougenannten „Kugler-Alm“ gebaut gouf, hat den Här den groussen Duerchbroch mat senger Erfindung: am Summer koumen 13’000 Leit mam Vëlo bei säin Restaurant gefuer fir dat speziellt Gedrénks ze schmaachen. Dohier kennt och den Numm „Radler“.

Russ

Russ

Den Russ ass amfong dat nämlecht wéi en Radler just mat Weißbier. Eng Legend zum Numm beseet dat d’Gedrénks um Ufank „Riesen-Maß“ geheescht huet, well d’Schoulentwécklung sou staark war.Während der Nazizäit gouf dat dunn op d’Schëpp geholl an huet sech als „Russenmaß“ agebiergert.