Vun A bis Z

augustinerAugustiner kann een wuel als de Studentenbéier schlechthin betruechten! Selten gett et engStudenten-WG oder eng Studentenparty ouni Augustiner. Ob et lo wierklech den beschten Münchner Béier ass, doriwwer léisst sech streiden, secher ass awer, dass Augustiner déi eelsten Brauerei zu München ass.

 

biergarten-muenchenBéiergaart: Soubal déi éischt Sonnestrahlen sech weisen, maachen déi Münchener sech op de Wee fir an de Béiergaart. Eisen heemlechen Favorit ennert de Béiergäert ass d’Seehaus am Engleschen Gaart, direkt beim Kleinhesselhoher See. Fir déi déi net bis de nächsten Summer waarden wellen, gett et am Wanter souguer Glühwäin am Seehaus.

 

chinesischer_turmChineseschen Tuerm: Béiergaart am Engleschen Gaart.

 

 

 

deutsches_museumDeutsches Museum: een vun de gréissten techneschen Muséen op der Welt.

 

 

 

englischer_gartenEngleschen Gaart: Zimlech bekannt ass den Engleschen Gaart säit den 60er Joren, wou hei déi sougenannt „Nackerten“ fir Opreegung gesuergt hunn. Och haut gesäit een nach Vereenzelter plakeg am Engleschen Gaart, mee awer nëmmen op den FKK Wisen. Donieft ass den Engleschen Gaart bekannt well et den gréissten Park aus Däitschland ass, well en zwee grouss Béiergäert huet, de Kleinhesselhoher See, den Eisbach, déi riseg Wisen…

fruehlingsfest-muenchenFrühlingsfest: Mëtt Abrëll ass et rëm un der Zäit d’Tracht aus dem Schaaf ze paken: d’Frühlingsfest, och nach als „kleine Schwester der Wiesn“ bekannt, lackelt all d’Liebhaber vun Volleksfester an seng Béierzelter.

 

 

muenchen-rathaus-glockenspielGlockenspiel: Wann een Mëttes iwwert den Marienplatz trëppelt lount et sech kuerz stoen ze bleiwen an dem Glackenspill am „Neuen Rathaus“ nozekucken. All Dag um 11, 12 ,an vun Mäerz bis Oktober och nach um 17 Auer, spillen 43 Glacken verschidden Melodien, während bemolten Figuren Szenen aus der Münchner Geschicht duerstellen.

 

hofbraeuhausHofbräuhaus: Am Fong ass d’ Hofbräuhaus als Touristenattraktioun verpönt, mee et kann awer duerchaus passéieren, dass een als Student déi eng oder aner Kéier hei lant 😉

 

 

isarIsar: E Kajo Béier an e Grill, vill méi brauch een net, fir am Summer e gemittlechen Ownd um Ufer vun der Isar ze verbrengen…

 

 

Karlspatz: vun de Münchener och Stachus genannt, ass et eng schéi Platz mat engem flotte Sprangbur. En läit um Enn vun der Neuhauserstraße an sou och matten am Zentrum vu München.

 

 

Leopoldstrasse_1812010Leopoldstraße: d’Haaptstrooss vun Schwabing, hei fennt een Caféen, Baren, Restaurants…

 

 

 

icmMesse_1Messe München ICM (internationals Congress Center München): Messe München ass eng vun den gréissten Messegeländen an Däitschland. All Joers huet en Ausstellungen zu den verschiddensten Themen.
Vun Aventure iwwer Baumaschinnen, Sport an Ausstellungen wei den Drinktec! Also et lount sech ëmmer informéiert ze bleiwen wat fir eng Expo usteet.

 

nationaltheaterNationaltheater München: Um Max – Joseph – Platz gëtt et nieft dem Residenztheater, och Bayresch Staatsoper an Bayresch Staatsballett ze bestaune. Woubäi et fir den Theater och Studenten Kaarten ginn am Virverkaf !

 

 

oktoberfestOktoberfest: Dat gréissten Volléksfest vun der Welt! Während zwou Wochen verkéieren hei iwwer 6 Milliounen Leit. A fir an engem vun denen riesegen Festzelter eng Plaz ze kréien ass, virun allem de Weekend, guer net sou einfach.

 

 

P1P1: De P1 gellt als déi Promidisco hei zu München an d’Türsteher als gnadenlos. Haaptsächlech gesäit een hei déi Räich an déi Schéin, mee awer och puer Normalstiewlecher.

 

 

oktoberfest2Qual der Wahl: Déi huet een hei zu München an villen Hisiichten. Wuer gin mer raus? Wéi een ass den beschten Béier? Gin mer op de Starnberger oder den Ammersee? Gin mer an d’Seehaus oder an den Hirschgarten? Gin mer op d’Uni oder an de Béiergaart? Dir gesidd, et ass net emmer einfach wann een a sou enger cooler Staat studéiert. 🙂

 

München vun A bis Z 17Radl Stadt: München ass eng vun den Vëlos frëndlechsten Stied an Däitschland ! Knapp 50% vum gesamten Stroossennetz ass fir Vëlosverkéier ausgebaut. Stad well an den kommend Joren nach mäi staark an dem Beräich investéieren.

 

 

München vun A bis Z 14Séi: Starnberger See, Ammersee, Tegernsee, Chiemsee, Feringasee… A Punkto Séier huet een hei wierklech déi grouss Auswahl.

 

 

 

tollwood1Tollwood: Den Tollwood Festival fënnt 2 mol am Joer statt. Eng kéier am Summer am Olympiapark an am Wanter op der Theresienwiese. Op dësen Festivaller fënnt en niewen Internationalen an Lokalen Acts, och lecker Iessen an natierlech eppes fir den Duscht.

 

 

München vun A bis Z 27Universität: München huet zwou Unien am klasseschen Sënn, d’Ludwig-Maximilians-Universität an d’Technische Universität. Dëst sinn net nëmmen grouss a bekannt Unien, mee och nach international renomméiert a mat déi Bescht an Däitschland. Weider Infoen zu dësen fënns de ënnert der Rubrik “Unis”.

 

viktualienmarktViktualienmarkt: De bekannten a flotten Marché matten an der Münchner Innenstadt gëtt et schon zanter 1807. Och haut fënnt een hei all méiglech kulinaresch Spezialitéit, schliesslech steet dat spéidlaténgescht Wuert “Viktualien” fir Liewensmëttel.

 

 

uebernachten-wiesnWiesn: Dat richtegt bayrescht Wuert fir dat wat weltwäit als “Oktoberfest” bekannt ass. Dobäi ass ze bemierken, dass et weder Wiesen, oder Wies’n oder Wiesn’ ass. Déi eenzeg richteg Schreiwweis ass a bleiwt Wiesn.

 

 

xbarX-Bar: Eng bekannten a beléiwten Studentebar an der Clemensstr. No der onscheinbarer Entrée hannert der een Alles mee keen Café erward huet een mat Couchen, guddem Béier, engem relaxen Ambiente a rockeger Musék alles wat d’Studentenherz begiert. Dass een hei och mol dës öfteren deen een oder aneren melancholeschen Ancien vum LSM begéint hängt wuel dorunn, dass dëst mol de Stammcafé vum LSM war.

 

y-04.jpgY: Een Buschtaw deen an der däitscher Sprooch net besonnesch heefeg an scho guer net am Ufank vun Wierder virkënnt.

 

 

 

zhsZHS: Zentraler Hochschulsport. Hei kann een fir e puer Euro am Semester sou gutt wéi all Sport vun Aikido iwwer Ënnerwasserhockey bis Yoga maachen.