Weltstadt mit Herz

München, déi drëtt gréisste Stad an Däitschland direkt virun den Alpen an un der Isar ass d’Stad vun de Géigesätz.

Op der enger Säit kennt ee München als Weltstad, wou sech international renoméiert Firmen nidder gelooss hunn an sech doheem fillen. Eng Stad wou d Wirtschaft floréiert a wou een typescht Groussstadliewen herrscht. München ass donieft d’Heemecht vun zwou renomméierten Universitéiten, der LMU an der TUM. Nieft der Héichschoul an enger sëlleche Privatschoule bidden déi zwou Universitéiten dem Student eng enorm grouss Auswiel Fächer un, an domatt eng optimal Basis fir dat spéidert Beruffsliewen.

München_Panorama

Op der anerer Säit ass d’Landeshaptstad aus Bayern bekannt fir déi „bayrische Gemütlichkeit.Eng Stad, an där een a Saache Liewensqualitéit voll ob seng Käschte kënnt, an dofir zurecht d’Lieblingsstad vun den Däitschen ass.

Top Viraussetzungen also fir een optimale Studium, an deem nieft deem ville Léieren d‘Studenteliewen net ze kuerz kennt. Iwwer 90.000 Münchner Studente profitéieren nieft deene ville Restauranten, Baren an Discoe vun der noer Natur a vun deene bis iwwer d’Grenzen eraus bekannte bayresche Biergärten. Parken, Bëscher, Séien an d’Alpen si virun der Dier a stellen een optimaalt Gläichgewiicht zwësche Groussstad an Natur duer.

München mécht d’Studienzäit zu engem eenzegaartegen Erliefnis an huet scho méi wei ee Lëtzebuerger nom Studium net méi goe gelooss.