D’Ludwig-Maximilians-Universität München, 1472 zu Ingolstadt gegrënnt, ass vun der Studentenzuel hier eng vun deene gréissten däitschen Universitéiten. Am Wantersemester 2016/17 waren op der LMU – zësumme mat de Gasthörer an de Seniorenstudenten – ronn 51.000 Studenten immatrikuléiert. Knapp 8300 Studenten kommen aus dem Ausland.
D’Universitéit gehéiert zu deene gréissten Arbeitgeber an der bayerischer Landeshaaptstad.
Ronn 125 verschidde Studiengäng féieren zu engem Diplom-, Magister- oder Doktorgrad oder ginn mat engem Staatsexamen ofgeschloss.
D’Beléiftheet vun der LMU – nët zuletzt och ëmmer méi bei Lëtzebuerger Studenten – erklärt sech zu engem groussen Deel duerch daat villfältegt Fächerangebot, daat een an deem Mooss nëmmen op ganz wéinegen aaneren däitschen Universitéiten fennt.
Opgepasst op d‘Bewerbungsfristen:
- Wintersemester : 15. Juli
- Sommersemester : 15. Januar
Ludwig-Maximilians-Universität München (LMU)
Geschwister-Scholl-Platz 1
D-80539 München
Tel: 0049 / 89 2180-0
www.lmu.de

