Allgemenges

1) Krankekees

Duerch d’Sozialversécherungsofkommes tëscht Däitschland an Lëtzebuerg, muss een keng Versécherung zu München maachen wann een an der CNS (Caisse nationale de santé – d’Gesondheetskeess) ass. Allerdéngs brauch een fir d’Immatrikulatioun op der Uni eng Bestätegung, dass een vun der gesetzlecher Krankeversécherung befreit ass. Sou eng Bestätegung kritt een op all gesetzlecher däitscher Krankekees.

Fir déi Bestätegung ze kréien brauch een just eng Krankekeesskaart (Carte de la sécurité sociale), déi gülteg a ganz Europa ass.
Den Formular E128 muss een net méi ufroen, d’Krankekeesskaart geet mëttlerweil duer!

Eng Krankekees wou een zum Beispill kann higoen ass d’AOK.
AOK
Landsberger Str. 150-152
D-80339 München
Tel.: (089) 54 44-0

2) Banken

Wann een beim Einwohnermeldeamt war, kann een och e Kont bei enger Bank opmaachen. Eng gënschteg Méiglechkeet ass z.B. d‘Postbank zu München, well een do keng sou héich Gebühren bei der Iwwerweisung vun Lëtzebuerg op München huet. Donieft ass d’Postbank Member vun der „Cash Group“, sou dass ee bei villen Banken keng Gebühren beim Ophiewen muss bezuelen.

Eng aner Méiglechkeet ass d’Sparkasse, déi den Virdeel huet dat een op all Ubahn-Statioun Suen ophiewen kann.

3) Münchener Verkehrs Verbund (MVV/MVG)

Och beim ëffentlechen Transport kann ee vun de Studententariffer profitéieren.
Seit dem Wantersemester 2013/14 gëtt et en Semesterticket. Deen ass opgedeelt an Solidaritéitsbeitraach an Semesterticket.

Den Solidaritéitsbeitraach muss jiddereen bezuelen an kascht 59 €. Deen Betrag muss een bei der Aschreiwung matbezuelen (een Deel vun deenen 111 € Studiegebühren). Mat deem Solidaritéitsbeitraach kann een Méindes bis Freides vun 18h bis deen aneren Dag Moies 6h fueren (Partyticket). D’Weekender an ob Feierdeeg kann een heimatter souguer den ganzen Daach am Gesamtnetz vun der MVV ronderëm fueren.

Den Semesterticket “Isar Card Semester” kascht 148€ (SS15) an ass net obligatoresch. Do kann een also selwer entscheeden ob een en dobäi huelen well oder net. Falls een z.B. just mam Vëlo op d’Uni fiert an doduerch déi ëffentlech Transporter guer net brauch, huet een d’Méiglechkeet déi Suen ze spueren. Mat deem Ticket kann een dann 6 Méint, och an den Vakanzen, d’Gesamtnetz vun der MVV notzen.

Wéi kritt een de Semesterticket?

Wann een sech immatrikuléiert, huet een automatesch den Solidaritätsbeitrag bezuelt. Op den Studentenausweis kennt dann en klengt MVV Logo drop, et kritt een also keng zousätzlech Kaart.
De Semesterticket deen “Isar Card Semester” kritt een ob allen Automaten vum MVV.

Am Wantersemester kritt een en ab dem 1. September ze kafen an gelt dann vum 1. Oktober bis den 31. Mäerz.
Am Summersemester kritt een an ab dem 1. Mäerz an gelt dann vum 1. Abrëll bis den 30. September.

Weider Informationen ob mvg-mobil.de/semesterticket/ an am Video.

4) Internet/Fernseh/Telefon

All Student brauch natierlech Internet an dofir ginn et och genuch Méiglechkeeten.
Et gëtt an praislecher Hisiicht eng grouss Auswiel un Méiglechkeeten.
Déi eng hunn just Internet, anerer hun Internet an Fernseh, oder souguer Internet, Fernseh an Haustelefon. Do muss dann natierlech jiddereen fir sech kucken wat en well. An der Regel muss een do och en Vertrag vun 2 Joer ofschléissen. Nëmmen Internet kann een schonn fir 10 bis 15€ den Mount kréien.
Am Beschten ass et, et vergläicht een Präisser am Internet, zum Beispill bei:

www.toptarif.de
www.check24.de
www.verivox.de/multi-product/

5) Elektresch

Fir dass een dann an senger néier Wunneng net am däischteren sëtzt, brauch een natierlech och Elektresch. Hei huet een alt erëm eng riesech Auswiel un Stroumubidder zur Verfügung.

Eng Méiglechkeet wier zum Beispill den “M-Strom” vun den Stadtwerke München.
Eng aner Méiglechkeet wier Yello Strom oder  e-on, wou een souwuel Stroum wei och Gas kritt.

Donieft ginn et awer natierlech nach vill aner Ubidder. Am beschten vergläicht een déi verschidden Präisser am Internet.