Wunnen

Allgemeng Tipps

Et ass an deenen leschten Joeren net méi einfach ginn fir zu München eng Wunneng ze fannen. Wichteg ass et méiglechst fréi un ze sinn, well am September sichen am meeschten Leit no enger Wunneng.

Am beschten ass et, et hellt een sech direkt nodeems een ugeholl gouf e puer Deeg Zäit fir op München ze fueren an direkt op der Plaatz no Wunnengen ze sichen. Dat huet den Virdeel, dass een Besichtegungsterminer, fir den Daach selwer oder den Daach drop och kann unhuelen, wouduerch d’Chancen op eng Zouso natierlech klammen.

Ausserdeem ass et vun Virdeel wann een op eng Annonce telefonesch äntwert, well een op eng E-mail oft keng Réckmeldung kritt. Zousätzlech sollt een, falls méiglech, zesummen mat den Elteren op déi jeeweileg Besichtegungen goen. Dat erhéicht nach emol d’Chancen, well et e besseren Androck mëscht an well déi bayresch Vermieter oft eng sougenannten “Bürgschaft” vun den Elteren verlaangen fir sech ofzesécheren, falls du als Student d’Miete net méi kéins bezuelen.

Eng Ëmfro vun der TNS-ILRES am Optrag vum Educatiounsministère huet erginn, dass en Student zu München duerchschnëttlech 650 € fir den Logement ausgëtt.

Zum Schluss bleift nëmmen nach ze soen: net direkt bei der éischter Wunnengsofso verzweifelen mee haartnäckeg bleiwen, dann klappt dat schonn. Vill Gléck!

Privat Wunnengsvermëttlung

Hei sollt een 400-700€ fir een WG-Zëmmer arechnen. Wichteg ass et sech net demotivéiren ze loosen: oft kritt een op 100 Ufroen nëmmen 10 Äntwerten.

Et gëtt och eng Partie privat Wohnheimer zu München.

Studentenwerk

http://www.studentenwerk-muenchen.de/wohnen/

D’Studentenwierk vermëttelt Zëmmeren an Studentenwohnheimen, hei muss een allerdéngs oft e puer Semester waarden bis eppes frei gëtt. All Semester ass awer eng Verlousung vun e puer Platzen un Erstien.

Ausserdeem vermëttelen si och Privatzëmmeren: http://www.studentenwerk-muenchen.de/wohnen/vermittlung-von-privatzimmern/

D’Studentenwierk publizéiert all Dag seng Offeren an enger gliesener Këscht lénks an der Agangshal. Informatiounen an d’Nummer vum Vermieter kritt een allerdéngs nëmmen, wann ee säin Studentenausweis virleet.

Do kritt een och Informatiounen iwwert d’Vermëttlung vun Zëmmeren un auslännesch StudentInnen.

Einwohnermeldeamt

Jiddweree muss säi Wunnsëtz beim Kreisverwaltungsreferat (KVR) umellen, soubal en zu München wunnt.
Tel: +49 (0) 89 / 233-960-00
Email: buergerbuero.kvr@muenchen.de

Adress
Kreisverwaltungsreferat
Ruppertstraße 19
D-80337 München
(U3/U6: Poccistraße)

PS: Soubal een sech ugemellt huet gëtt een och vun der GEZ ugeschriwwen.
Öffnungszeiten
Méindes:   7:30-12:00 Auer
Dënschdes: 8:30-12:00 an 14:00-18 Auer
Mëttwochs: 7:30-12:00 Auer
Donneschdes: 8:30-15:00 Auer
Freides: 7:30-12:00 Auer