Wat ass den LSM?

D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, sinn an Zwëschenzäit gutt 140 Studenten Tendenz zënter e puer Joer staark no uewen. Gegrënnt gouf den LSM vun enger handvoll Studenten, déi virun enger gudder Zäit de Besoin empfonnt hunn, eng Plattform ze bidden, op där sech Leit treffen an austausche kënnen, déi am nämmlechte Fall sinn.

flaucher2015

Traditionell ass d’Aarbecht vum Cercle also Kontakter ze bidden, Informatiounen ze liwweren, a fir een ongezwongent Mateneen ze suergen. Dëst sinn och haut nach d’Zieler, mat der Zäit sinn awer nach anerer dobäi komm, an d’Ufuerderungen hu sech geännert. Internet, Studentefoiren, Facebook an de Fait, dass vill Leit a Gruppen an déi nei Stad komme schwächen den Interesse un esou enger Plattform.
Aus deem Grond probéiert de Cercle der Situatioun gerecht ze ginn, a méi ze bidde wéi dat de Cliché iwwert Studentevereenegunge seet. Dobäi ass een Aspekt natierlech d’Organisatioun vu gemeinsamen Owender, Aktivitéiten a Partien. Dass dobäi och mol een iwwert den Duuscht gedronk gëtt ass kee Geheimnis, allerdéngs och net dat Eenzegt wourëms et sech bei eis dréint.

Nieft engem Welcome Day fir jiddereen am neie Joer ze begréissen, den traditionellen Datumer wéi Chrëschtfeier an Bayreschen Owend organiséiert den LSM och all Joers een Schiweekend zu Kitzbühl souwéi eng Rees an eng europäesch Stad fir bëllegt Geld. Donieft kennt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket net ze kuerz.

noel

Eis Käeraktivitéit vum Joer ass allerdéngs de Münchner Bal op Ouschtersonndeg, deen ëmmer erëm e groussen Erfolleg ass a genuch Geld an d’Cercle-Kees spullt, fir dass mer de Memberen dat bidde kënnen, wat fir si perséinlech de Grond ass en Deel vun eisem Club ze ginn.

Dofir zéckt net eis eng Mail ze schreiwen, kommt Donneschdes Owes ab 9 an d’Klenze17 op eise Stammdësch, oder huelt un enger vun eisen Aktivitéiten Deel. Mir hunn nach ni ee gebass, et sief dann e wollt et.
An deem Sënn,

Servus und pfiat eich!